Flich aus der Kriseregioun am Noen Osten net betraffD'Pilote vun der Lufthansa a vu Cityline streiken en Donneschdeg an e Freideg

AFP, iwwersat vun RTL
Hannergrond vum Streik ass eng Ausernanersetzung ëm déi betriblech Altersvirsuerg bei der Lufthansa.
Fligere vun der Lufthansa (Symbolbild).
© AFP (Archiv)

D’Passagéier vun der däitscher Fluchgesellschaft Lufthansa musse sech en Donneschdeg an e Freideg drop astellen, dass hir Flich Verspéidung kréien oder esouguer ausfalen. Dat nämmlecht gëllt fir d’Passagéier vun der Fluchgesellschaft Cityline, déi eng Duechtergesellschaft vun der Lufthansa ass. Och d’Cargo-Airline vun der Lufthansa ass betraff.

D’Pilotegewerkschaft “Vereinigung (VC)” huet hir Memberen dozou opgeruff, op dësen zwee Deeg ze streiken. D’Piloten a Pilotinne sollen d’Aarbecht vun en Donneschdeg Mëtternuecht un bis e Freideg 23.59 Auer néierleeën. Hannergrond vum Streik ass eng Ausernanersetzung ëm déi betriblech Altersvirsuerg bei der Lufthansa. An deem Kontext ass schonn den 12. Februar gestreikt ginn. Ma en Dënschdeg huet d’VC kritiséiert, dass et och no dësem Streik keng konkret Offer säitens der Lufthansa ginn hätt. Ënnert dëse Konditioune kéint een net weider verhandelen.

Iwwerdeems huet d’Gewerkschaft ënnerstrach, dass Flich, mat deene Leit aus der Kriseregioun am Noen Osten erausbruecht ginn, net vum Streik betraff wieren.

Um Internetsite vu Luxairport stinn d’Flich vun der Lufthansa - Stand en Dënschdegowend - nach regulär am Planning vun den Arrivéeën an den Departen.

Back to Top
CIM LOGO