Den Tram-Reseau wiisst weider
Zanter Dezember 2017 rullt den Tram nees zu Lëtzebuerg. An och an dësem Joer gouf vill um Reseau geschafft.
Am Juli goung d'Extensioun Richtung Fussballstadion op der Cloche d'Or op. Sonndes de 7.Juli goung et eng éischte Kéier bis bei d’Kockelscheier. Dat si ronn 4 Kilometer. An och Direktioun Findel goungen d'Aarbechte gutt virun. Zwee Joer gouf un dëser Extensioun geschafft. Eréischt am November goufen déi leschte Schinne geluecht. Den 10. Dezember gouf eng éischten Testfaart mam Tram op dësem Tracé organiséiert.
Den 2.Mäerz 2025 kann een da bis bei de Fluchhafen am Tram gefouert ginn. An den Tram wäert och nach weider ausgebaut ginn, wéi een op verschiddene Pressekonferenzen am Laf vun dësem Joer konnt gewuer ginn. Sou zum Beispill Richtung Stroossen, wou den Tram iwwer 550 Meter ënnerierdesch fuere wäert. Dat ass op der Héicht vum fréiere Fussballstadion, dem Stade Josy Barthel, bis op d'Kräizung vun der Kannerklinik vum CHL.
Och de séieren Tram steet op der Agenda vun der ablécklecher Regierung. 2028 soll ee bis op Leideleng laanscht d’Escher Autobunn am Tram gefouert ginn. 2035 soll Bieles un de Reseau ugebonne ginn.