Esouwuel a Richtung Frankräich wéi och a Richtung Stad muss een en Donneschdeg am ëffentlechen Transport mat Problemer rechnen.

Aktuellen Informatiounen no si vum Streik virun allem d'Zich vum Regionalverkéier betraff, den TGV sollt dem aktuelle Stand no normal fueren.

Betraff wier awer just d'Linn Lëtzebuerg, Diddenuewen, Metz. D'Linn Lëtzebuerg-Käerjeng-Lonkech géif normal fueren.

D'CFL warnen awer trotzdeem, datt et trotz de Preparatiounen zu Retarden a méiglechen Ausfäll vun den Zich tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ka kommen.