Lëtzebuerg an d'Belsch stäerken d'Kooperatioun a punkto Eisebunn

© Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
No engem Treffe mam belsche Mobilitéitsminister ënnerschreift d'Yuriko Backes eng Lettre d'intention fir eng besser Kooperatioun am Schinneverkéier.
Virun zwee Joer war schonn esou eng Zesummenaarbecht festgehale ginn, déi elo soll ausgebaut ginn.
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hire belschen Homolog Jean-Luc Crucke hunn e Méindeg bei engem Treffen eng méi intensiv Zesummenaarbecht schrëftlech festgehalen. D'Eisebunn spillt eng zentral Roll an der nohalteger Mobilitéit a soll mathëllefen, d'europäesch Klimaziler ze erreechen. Dës wëllen d'Zäregasemissiounen bis 2030 a spéitstens 2050 ëm 55 Prozent verréngeren.
An der Lettre d'intention stinn 3 konkret Ziler déi béid Natioune verfollegen. Et wëll een den Undeel vun de Voyageuren tësche béide Länner erhéijen, dat soll ënnert aneren duerch eng Verkierzung vun der Dauer vum Trajet tëschent Lëtzebuerg a Bréissel geléngen. Aktuell brauch ee fir déi ronn 200 Kilometer eppes iwwer dräi Stonnen. Donieft soll d'Quantitéit u Gidder, déi via d'Bunn duerch Lëtzebuerg an d'Belsch transportéiert ginn, bis 2040 verduebelt ginn. Eng weider Aféierung ass eng Zuchverbindung ouni d'Méiglechkeet ëmzesteigen, dee Lëtzebuerg, Arel a Libramont matenee verbënnt, lancéiert vun der CFL an der SNCB.