2024 misste Versécherungen ee Schued vun 1,1 Milliarde bezuelen.

Wéi d'GDV (Gesamtverband der Deutschen Versicherungswirtschaft) e Méindeg zu Berlin matdeelt, goufen am Joer 2024 ronn 276.000 Wëldaccidenter enregistréiert. Dat si 750 Accidenter den Dag, déi sech fir d'Versécherungen op ee Montant vun 1,1 Milliarden Euro belafen. Den duerchschnëttleche Schued no engem Accident mat engem Réi oder Wëllschwäi kascht d'Autosversécherer 4.100 Euro. Grënn fir dëse Präis sinn deier Autosstécker an den erhéichte Stonneloun an de Garagen.
Besonnesch am Däischteren a vun Oktober bis Dezember erhéicht sech d'Gefor fir op der Strooss Wëld ze begéinen. Bei Bëscher oder Felder soll am beschte méi lues gefuer gi, fir op Wëld reagéieren ze kënnen.
No engem Wëldaccident iwwerhëlt d'Versécherung an der Reegel de ganze Schued um Auto, virausgesat et war duerch Hoerwëld, heescht Réi oder Schwäin, verschëlt. Et ginn awer och scho Versécherungen, déi Accidenter mat allen Déieren ofdecken.