An der Belsch gëtt zanter Sonndegowend 22 Auer gestreikt, dat wéinst der geplangter Rentereform vun der neier Regierung.

Dat huet och Repercussiounen op den Zuch-, Bus- a Fluch-Trafic. Eng sëllege Connectioune goufe fir e Méindeg annuléiert. Op den Haaptstrecke soll nëmme ronn all drëtten InterCity-Zuch fueren an och zu Bréissel wäert den ëffentlechen Transport e Méindeg gréisstendeels net zirkuléieren.

Déi belsch Eisebunner hate schonn d'lescht Woch ee Preavis ofginn wéinst engem Streik tëscht dem Sonndeg den Owend um 22 Auer an dem Méindeg um 22 Auer. D'CFL réit hire Clienten, sech op CFL.lu oder der mobiller App iwwer den Impakt vum Streik ze informéieren.

De Streik wäert och Repercussiounen op de Fluchtrafic hunn. Der belscher Noriichtenagence Belga no soll ronn d'Hallschent vun den Europa-Flich vu Brussels Airlines ausfalen an och de Fluchhafen Charleroi rechent mat "staarke Beanträchtegungen".

D'Gewerkschaften an der Belsch haten hir Memberen zu engem Streik vu 24 Stonnen opgeruff. Mat dem Streik wëll ee géint Aschnëtter bei soziale Mesuren an eng méiglech Rentereform demonstréieren. Virun engem hallwe Joer gouf an der Belsch gewielt an et deit sech ëmmer méi eng Mëtt-Riets-Koalitioun un.

D'Schoulen a Flandern, de Service Hygiène an d'Post sinn deels vum Streik impaktéiert. Zu Bréissel ass eng Manifestatioun mat op d'mannst 10.000 Demonstrante geplangt.