An der Belsch gëtt wéinst de Pensioune gestreikt a manifestéiert. Dëst huet och Auswierkungen op den Zuchtrafic tëscht der Belsch a Lëtzebuerg.

Pensiounsstreik an der Belsch/Reportage François Aulner

Et muss een awer soen: d’Pensiounsdiskussioune bei eise belschen Nopere sinn net mat deenen heiheem ze vergläichen. D’Systemer sinn och ganz anerer, ugefaangen domadder, datt d’Pensiounsservicer (an der Belsch gi se Service genannt) fir de Privatsecteur a fir d’Fonction Publique an der Belsch 2016 zesummegeluecht goufen. De Pensiounsalter an X Schrauwe sinn och anerer ewéi heiheem. Mee och d’Zuelen an d’Mesuren, iwwert déi diskutéiert gëtt.
 
Kuerz de Kontext: no de Walen am Juni d’lescht Joer hu 5 Parteien, aus dem Mëtt-Rietse Lager, d’sougenannt Arizona-Koalitiounsverhandlungen ugefaangen. Ma aus den Notte vum Formateur Bart de Wever vun der NVA, déi an d’Press gesickert sinn, géing ervirgoen, datt bei den Ausgabe vun der belscher Pensiounskeess 5% solle gespuert ginn, an absolutten Zuelen 3 Milliarden Euro.
 
Wéi d’Zeitung L’Echo schreift, wieren d’Prépensiounen am Viséier: zwar wéilt déi nei Majoritéit – wa se bis steet – déi opmaache fir den Alter vu 60 Joer, à Condition, datt eng Persoun 42 Joer ganz geschafft huet. 3% vun de Salariéen, Männer, kéinten dovunner profitéieren. Allerdéngs géing et d’Mindestrente just nach ginn, wa 35 Joer effektiv geschafft goufen. D’Gewerkschaft FGTB huet ausgerechent, datt véier vun zéng Salariéen ee Joer méi laang misste schaffen. Frae wieren do gréisst Verléierer, well se méi Ënnerbriechungen an der Karriär hunn. E weidere Verléierer wier de Beamten, well déi nächst Majoritéit de Calcul vun de Rente fir Beamten esou géing änneren: aktuell gëtt se op d’Moyenne vun de leschten 10 Joer berechent, an Zukunft wier et op der Moyenne vun der ganzer Karriär.

Rout ëffentlech Zuelen

D’Gewerkschafte sinn zanter de Wale vu Juni op de Barrikaden, well déi fënnef Parteien um Verhandlungsdësch ronderëm de Bart de Wever net just un d’Pensioune wëlle goen, mee och allgemeng 20 Milliarden Euro am Staatsbudget wëlle spueren. E bësse Waasser huet Arizona awer schonn a säi Wäi geschott, well viru puer Méint nach e Spuereffort vu 27 Milliarde genannt gouf. Och wann d’Ekonomie an der Belsch net ganz schlecht dréint, verzeechent de Staat e budgetären Defizit vun iwwer 4%, deen déi nächst Jore géing wuessen. 
 
An d’Staatsschold läit scho bei iwwer 105% vum PIB.