Viru ronn 3 Joer gouf mat den Aarbechten fir den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn ugefaangen.

D’A3 soll jo vun zwee Mol zwou Spueren op zwee Mol dräi ausgebaut ginn. Enn 2024 hätt de Chantier um Deelstéck tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem u sech solle fäerdeg sinn. Ma d’Aarbechte krute Retard. Wat nach feelt sinn d’Signalisatioun an de Marquage, erkläert de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées.

"Mer haten eng Soumissioun, wou mer Portiquë mat Signalisatioun ausgeschriwwen haten, déi huet missen annuléiert ginn. Doduerch si mer do hannendra komm an de Provisorium, deen huet leider Gottes och e bësselche Retard kritt, sou datt mer virun der Fro waren, ob een elo provisoresch erëm eriwwerklappt an dann zwou Wochen duerno awer erëm an den Trafic schaffe geet oder ob mer et nach e bësselchen zouhalen an dann uganks Mäerz oder esou dann opkréien, mat dann deem richtege Provisoire en place, en attendant, datt déi Portiquen da kommen."
 
D’Wëldbréck op der Diddelenger Autobunn wier souwäit fäerdeg an anerer um Instanzewee. De ganzen Ausbau vun der 11,5 Kilometer laanger Autobunn soll ëmmer nach bis 2030 ofgeschloss ginn, mengt de Roland Fox: "2030 ass den normale Planning, wéi mer e bei all Projet maachen, mat enger klenger Reserv vläicht dran, mee awer ouni elo gréisser Panne virgesinn ze hunn."
 
All Dag fueren eng 90.000 Automobilisten iwwert d'A3. En Ausbau ass batter néideg. Ma ob déi drëtt Spuer op all Säit an Zukunft – wéi et geplangt war - wierklech vum Covoiturage a vun de Busse soll genotzt ginn, ass net méi sou kloer. Aktuell wëllen déi zoustänneg Autoritéite sech net zum Gebrauch vun den drëtte Spueren äusseren.