En vue vum nationale Mobilitéitsplang 2040 fillt d’Regierung op en Neits de Bols bei der Populatioun, dat via d’Enquête "Luxmobil".

Ëmmerhi gëtt déi enorm Zomm vu 4 Milliarden d’Joer an d’Mobilitéit investéiert. D’Offer soll der Demande esou gutt et geet ugepasst ginn an dowéinst misst een och wëssen, wat d’Besoinen an d’Gewunnechte vun de Leit sinn, heescht et aus dem Mobilitéitsministere.

Déi lescht Ëmfro gouf virun aacht Joer gemaach. Si war d’Basis fir den Nationale Mobilitéitsplang 2035 an domat fir d’Reorganisatioun vum RGTR a fir den Ausbau vum Tram.

Elo wier et héich Zäit fir eng nei Enquête, sou d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes:

"Ech mengen d'Zäiten zënterhier hu sech natierlech geännert. D'Situatioun och zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus huet sech geännert, Wa mer 2017 590.000 Awunnerinnen an Awunner haten an 180.000 Frontalieren, da sinn der elo plus ou moins 90.000 Awunnerinnen an Awunner dobäi komm an 50.000 Frontalieren dobäi komm."

An enger éischter Phas rifft den Institut fir Meenungsfuerschung ILRES 7.860 erwuesse Residenten un, déi vun engem Computer zoufälleg eraus gesicht ginn.

Dat sot de Julien Schiebel vum Observatoire digital de la Mobilité géintiwwer der Press. D’Leit gi bei deem Telefonat Informatiounen zu hire Gewunnechten an hiren Deplacementer gefrot:

"Et ensuite, il y aura des questions sur la satisfaction avec l 'offre de mobilité au Grand -Duché de Luxembourg. On posera des questions sur la satisfaction des déplacements domicile -travail, domicile -études, sur les améliorations possibles de la mobilité au Luxembourg sur différents modes de transport, etc."

D’Enquête bei franséische Frontaliere leeft schonn zënter September. De Volet vun de belschen an däitsche Grenzgänger ass an der Preparatioun. D’Qualitéitskontroll gëtt vum Lëtzebuerger Fuerschungs-Institut LIST gemaach, souwéi vum franséische Centre fir Etuden an Expertisen CEREMA.

De Käschtepunkt vun der Enquête "Luxmobil" läit bei 2,5 Milliounen Euro.