Chargy-Tariffer klammen – Elektroautoen elo manner attraktiv?
Chargy-Utilisateure musse méi fir hiren Autostroum bezuelen. Dat ass eng schlecht Nouvelle fir Elektrofuerer, déi net bei sech doheem luede kënnen.
An enger Woch fänkt den Autofestival un. Vill Cliente froe sech sécher och dëst Joer erëm, ob elo de Moment komm ass, fir op en Elektroauto ëmzeklammen. Dat ass dacks och eng finanziell Fro: Fueren ech mam Elektroauto ënnert dem Stréch méi bëlleg?. Eng schlecht Nouvelle gouf et do um Ufank vum Joer fir Leit, déi net bei sech doheem luede kënnen. D’Präisser op den ëffentlechen Chargy-Borne goufen zum Deel massiv eropgesat.
Esou huet och de Fränk Schütz net schlecht gestaunt, wou hie säin Elektroauto no de Feierdeeg op enger Chargy-Borne luede wollt. Hien ass zënter 11 Joer elektresch ënnerwee a gesäit sech selwer als iwwerzeegten Elektro-Pionéier. Mee iwwert déi nei Tariffer huet hie sech gewonnert. Hien erkläert, dass säin Tarif op den normale Chargy-Bornen vu 34 op 49 Cent pro Kilowattstonn eropgoung. Bei de séieren Super-Chargy ass et fir hien eng Hausse vun 43 op 63 Cent pro Kilowattstonn.
Mir hu beim Bedreiwer vum Chargy-Reseau nogefrot, wéi et zu dëser Präishausse vu ronn 50 Prozent komme konnt. Creos betount, dass si wuel de Reseau ausbauen, d’Bornen opriichten an d’Maintenance assuréieren, an och de Stroum liwweren, mee dass si de Stroum net un den Endclient verkafen. Dat iwwerhëlt ee sougenannten “Fournisseur de Service de Charge” (FSC). Déi hunn all hir eegen Tarifstruktur an hiren eegene Businessmodell. Si hunn all 2023 an 2024 vun engem staatleche Subside profitéiert. Déi lescht zwee Joer war den Chargy-Stroum mat 13 ct/kWh subventionéiert. Et war eng Zort Präisdeckel fir d’Haussen um internationale Stroummaart ofzefiederen.
Den Daniel Christnach, Member vun der Creos-Direktioun a fir den Chargy-Reseau zoustänneg, erkläert, dass Creos seng Präisser fir d’Infrastruktur an de Stroum net gehéicht huet. Hie ka sech déi aktuell Hausse nëmmen esou erklären, dass déi verschidde Fournisseuren hir Tariffer un déi nei Situatioun ugepasst hätten. Well de staatleche Subside ewechgefall ass, verrechnen d’Fournisseuren déi Méi-Käschten un hir Cliente weider. Jee no Fournisseur fält dës Hausse ënnerschiddlech héich aus.
Den Daniel Christnach betount, dass et eng politesch Decisioun war, fir dëse Subside no zwee Joer erëm ofzeschafen. Creos géif d’Roserei vun den Utilisateuren duerchaus verstoen, mee kéint un där Situatioun näischt änneren. De Responsabele vum Chargy-Reseau ënnersträicht awer, dass den Elektroauto och mat de méi héijen Tariffer nach ëmmer méi bëlleg wier wéi ee Bensinner.
Mir hunn nogerechent
Bei engem Elektroauto, dee 17 kWh/100km brauch, an deen een doheem fir gedeckelt 20 ct/kWh luet, kaschten 100 Kilometer 3,40€. Wann een dee selwechten Elektroauto op enger Chargy-Borne fir 49 ct/kWh luet, muss een 8,33€ op 100 Kilometer bezuelen. En Diesel, dee 5,5 l/100km verbrauch, kënnt beim aktuelle Spritpräis op 8,55€ pro 100 Kilometer. Oder aneschters formuléiert: Wann een nëmmen d’Energiekäschte matenee vergläicht, leien den Chargy-Stroum an den Diesel elo scho quasi op engem Niveau.

Natierlech sinn d’Steieren an den Entretien bei engem Elektroauto nach ëmmer méi bëlleg. Mee net nëmmen den iwwerzeegten Elektrofuerer Fränk Schütz fäert, dass den Elektroauto mat den neien Chargy-Tariffer nëmmen nach eng Optioun fir Leit ass, déi doheem luede kënnen: "Ech verstinn, dass d’Präisser ugepasst musse ginn, mee dat doten ass net méi normal", esou seng Conclusioun. Hie selwer ass frou, dass hien d’Chargy-Bornen nëmmen am Noutfall brauch.