5 Prozent méi Asätz vum ACL
Zejoert gouf et ronn 33.000 Interventiounen

Am heefegsten gëtt den ACL nach ëmmer wéinst futtisse Batterië geruff. Op zweeter Plaz si mechanesch Pannen, virun Probleemer mat de Pneuen.
Eréischt op der véierter Plaz kommen Interventioune wéinst Accidenter oder Gefierer, déi leiebliwwe sinn. An esou just an d‘Top 5 hunn et Panne wéinst dem Sprit gepackt.
Den ACL féiert dës Pannen an der Haaptsaach dorobber zeréck, datt allgemeng méi Trafic ass, d‘Gefierer ëmmer méi al sinn, net genuch no de Batterië gekuckt gëtt, ëmmer méi Elektronik an den Autoe verbaut ass an ëmmer méi dacks keen Ersatzpneu dran ass.

Am meeschte gelies