Vum 9. Abrëll op den 1. Mee gëtt un der Pist vum Fluchhafen zu Dubai geschafft. Dowéinst ginn d'Aller- an d'Retour-Flich déi Zäit op a vun Abu Dhabi fort.

Wéi um Site vun der Luxair steet, ass d'Landepist vum Dubai Airport (DWC) vum 9. Abrëll bis den 1. Mee vu méindes bis freides wéinst Aarbechten zou. Dowéinst ginn d'Flich vu Lëtzebuerg op Dubai mëttwochs op den Abu Dhabi International Airport (AUH) deviéiert. D'Volle vun Dubai zréck op de Findel fléien deementspriechend donneschdes vun Abu Dhabi fort.

Bei de Flich, déi samschdes op Dubai gi respektiv sonndes vun Dubai zréck, ännert sech näischt.

Den éischte Vol ass mëttwochs mat Depart um 7.35 Auer an Arrivée um 17 Auer zu Abu Dhabi. De Retour-Vol ass donneschdes um 10.20 Auer, dëse kënnt géint 16.20 Auer zu Lëtzebuerg un.