Dat erkläert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. 

Bis 2030 sollen alleguer d’Busser vun der RGTR-Flott elektresch fueren. Aktuell si 40 Prozent vun de Busser am Land Elektrogefierer.

RTL

Knapp 60 Prozent fueren haut nach mat Diesel an nëmme vereenzelt Busser sinn Hybrid bedriwwen. Zejoert sinn deemno 790 Diesel- a 435-Elektro-Busser op den RGTR-Linne gefuer.

An der Stad Lëtzebuerg wäerten d’Busser wuel schonn Enn nächst Joer alleguer elektresch fueren. Aktuell ginn et an der Stad 126 Busser. Dëst Joer kommen der nach eng Kéier 45 derbäi. Bis Enn dëst Joer sollen da scho 65 Prozent vun de Busser Elektrogefierer sinn.

Dat erkläert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.