
Et ass vum Debit hier eng vun de gréissten Tankstatiounen a ganz Europa: déi ganz vill frequentéiert Aire de Berchem, wou et déi nächst Wochen eng Partie Changementer ginn, well d’Gerance wiesselt.
Sou iwwerhëlt Q8 d’Pompele vum 1. Mee un op béide Säite vun der Autobunn, sou datt e komplette Rebranding usteet, well d’Statioune bis ewell vun Aral, respektiv Shell geréiert a beliwwert goufen.
D’Ëmbauaarbechte solle geschéien, iwwerdeem den Zerwiss op der Tankstell an de Restauranten a Butteker non-stop weider geet.
Mat dëser Acquisitioun huet Q8 dann eng 40 Statiounen iwwert d’ganzt Land verdeelt. D’Konzessioun fir d’Aire de Berchem leeft iwwer 4 Joer. An der Belsch exploitéiert Q8 knapp 500 Tankstatiounen.
Wéi jo scho méi laang gewosst ass, sinn den neie Bedreiwer a McDonald’s sech jo net eens ginn, esou datt de Fast-Food-Restaurant seng Dieren op der Aire de Berchem zoumécht.