Am Zentrum an am Norde vum Land kënnen d'Zuchpassagéier elo op zwou weider Méiglechkeeten, fir hiren Auto ze parken, zeréckgräifen.

Wéi d'CFL an engem Schreiwes matdeelen, si laanscht d'Zuchlinn Lëtzebuerg - Stad - Ëlwen - Gouvy zwee nei Park and Riden opgaangen.

Zu Colmer-Bierg sinn no der Renovatioun an der Reouverture vum Parking 237 Parkplazen disponibel, vun deenen der siwe fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit reservéiert sinn. Zwou Plaze sinn iwwerdeems mat enger Chargy-Born equipéiert. Donieft ginn et um Parking och Parkplaze fir Motoen, Vëlosstänner an eng Bikebox, an där ee säi Vëlo sécher ka verschléissen.

RTL

© CFL

Zu Ëlwen ass iwwerdeems dat neit Parkhaus mat am Ganzen 388 Parkplazen opgaangen, vun deenen der fënnef fir de Car-Sharing-Service "Flex" reservéiert sinn, sechs Plaze si mat Lued-Borne fir E-Autoen ausgerëscht. Néng Plaze si fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit reservéiert.

RTL

© CFL