Nodeems en Dënschdeg op der Zuchlinn Lëtzebuerg-Thionville-Metz dräi Kéi op der Héicht vun Hettange-Grande ugestouss gi waren, war d'Streck gespaart.

Géint 17.30 Auer hunn d'CFL matgedeelt, datt den Zuchtrafic tëscht der Stad an Thionville nees géing opgeholl ginn. Trotzdeem kann et op där Streck weiderhin zu Retarden an Annulatioune kommen.

D'Passagéier sinn deemno weiderhi gebieden, sech op www.cfl.lu iwwer hiren Trajet z'informéieren.