Op der Pompel
Och den Diesel gëtt nees méi deier

© Image Envato Sandsun
An der Nuecht op e Mëttwoch klammen d'Präisser op der Pompel.
Nom 95er an 98er Bensinn en Dënschdeg gëtt ëm Hallefnuecht elo och den Diesel méi deier.
De Präis vum Diesel klëmmt ëm 3,1 Cent a kascht domadder vu Mëttwoch un 1,376 Euro pro Liter. Och beim 10 ppm Masutt gëtt et eng Hausse vun 3 Cent, esou datt de Liter dann 0,822 kascht.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies