An der Nuecht op e Freideg klammen d'Präisser op der Pompel.

Nodeems de 95er an 98er Bensinn schonn en Dënschdeg méi deier goufen, ass et elo nach emol eng Hausse e Freideg.

De Präis vum 95er Bensinn klëmmt ëm 1,8 Cent a kascht domadder vu Mëttwoch un 1,471 Euro pro Liter. Och beim 98er Bensinn gëtt et eng Hausse vun 1,4 Cent, esou datt de Liter dann 1,574 Euro de Liter kascht.