Streik bei der SNCB e Méindeg an en Dënschdeg
Eventuell Perturbatiounen am Zuchtrafic tëscht Lëtzebuerg an der Belsch

© RTL Archiv
An der Belsch gëtt nees bei der Eisebunnsgesellschaft SNCB gestreikt.
Wéi d'CFL matdeelen, misst een dowéinst vun e Méindeg 19. Mee 22 Auer bis en Dënschdeg inclus mat Perturbatiounen op den Zuchstrecken tëschent Lëtzebuerg an der Belsch rechnen.
Et kéint zu Retarden an Annulatioune kommen.
Iert ee sech dozou entscheet, tëscht der Belsch a Lëtzebuerg den Zuch ze huelen, recommandéieren d'CFL, sech um offizielle Site oder op der CFL-App z'informéieren.
Am meeschte gelies