Den Trafic op der A31 gouf e Méindeg de Moien a béid Richtunge staark perturbéiert ginn.

Et gouf Stau an déi zwou Richtungen, also och bis a Lëtzebuerg eran. Op der A31 tëscht Moulins-lès-Metz an Thionville hunn um Méindeg de Mueren Taxichauffere manifestéiert. Si hunn den Trafic op der Autobunn ausgebremst, mat enger sougenannter "operation éscargots".

Et ass en Deel vun enger nationaler Protestaktioun. D'Taxisfederatioun manifestéiert géint eng geplangten nei Tarifikatioun beim Transport vu Kranken.

Weider Informatiounen iwwert d'Protestaktioun, fannt Dir bei de Kolleege vun infos.rtl.lu.