Stroosseluuchten op Autobunne konnten net einfach ausgemaach a stoegelooss ginn

© RTL-Archiv
Duerch eng Decisioun vun der fréierer blo-rout-grénger Regierung goufen no 2014 eng 730 Stroosseluuchte laanscht d’Autobunnen ewechgeholl.
Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen hat scho virdrun eng parlamentaresch Fro zum Sujet gestallt, mä wollt elo nach weider Detailer wëssen an hannerfreet, firwat d’Luuchten net stoe gelooss an einfach ausgeschalt goufen.
D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes schreift an hirer Äntwert, datt de Réckbau vun de Stroosseluuchten ronn 118.000 Euro kascht huet. Wann déi iwwer 700 Luuchten duerch LED-Beliichtung ersat gi wären, hätt dat ronn 2,6 Milliounen Euro kascht. Déi meescht vun de Luuchten, déi demontéiert goufen, haten och d’Garantie vun de Produzenten vun 30 Joer scho laang depasséiert.
D’Luuchten einfach auszeschalten, war ënner anerem aus Entretiens- an Sécherheetsgrënn net méiglech. D’Energie, déi duerch d’Ewechhuele vun den Luuchten op der Autobunn agespuert gouf, louch bis ewell bei 750.000 Euro, präziséiert de Ministère nach, also dat siwefacht vun de Käschte fir d’Réckbauaarbechten.