De Liter 95er Bensinn kascht vun en Dënschdeg un nees e Stéck manner.

Nodeems de Präis vum 95er Bensinn virun zwou Wochen zwee Mol bannent enger Woch an d'Luucht gaangen ass, geet de Präis elo nees liicht erof.

De Präis vum 95er Bensinn geet deemno ëm 1,3 Cent op 1,458 Euro de Liter erof.

Beim 98er Bensinn, Diesel a Masutt ginn et keng Ännerungen.