Nodeems lescht Woch schonn de 95er e Stéck méi bëlleg ginn ass, ass et elo och um 98er, um Diesel an um Masutt.

Beim 98er ass et eng Baisse vun 1,6 Cent op elo insgesamt 1,558 Euro de Liter. Den Diesel gëtt 1,2 Cent méi bëlleg a kascht vun e Mëttwoch un 1,364 Euro de Liter. De Masutt gëtt 1 Cent méi bëlleg a kascht domadder 0,812 Euro de Liter.

RTL