Ze vill Leit riskéieren ze vill um Zuchiwwergang
Ëmmer nees probéiere Leit, sief et ze Fouss, oder mam Auto, nach déi lescht Sekonn Zuchiwwergäng ze passéieren, ier datt d'Barrièren zouginn.
Esou muncher een, deen en Donneschdeg de Moien zu Lëntgen iwwer d'Schinne wollt, huet warscheinlech net schlecht gestaunt, wéi e vun enger Dose Mataarbechter vun der CFL an der Police begréisst gouf. Um internationale Sensibiliséierungsdag iwwer d’Gefore vum Zuchiwwergang gëtt - weltwäit - op méi geféierleche Schinne-Passage mobiliséiert.
Wann den Zuchchauffer d'Gefor gesäit, ass et meeschtens schonn ze spéit
En Zuch ka bis zu 1.200 Meter brauchen, fir ze stoppen. Eng Tatsaach, där sech déi meescht Leit net bewosst sinn. Bis de Chauffer e Gefier oder Foussgänger gesäit, ass et meeschtens schonn ze spéit. Ëmmer nees kennt et zu Tëschefäll oder souguer Accidenter. Eng Gefor, déi vill Leit net onbedéngt wouerhuelen. Ëmmer nees bleiwen Autoen hei zu Lëntgen, wéinst dem Stau duerch eng rout Luucht just 200 Meter ewech, op de Schinne stoen. Dat och Sekonnen ier datt d'Barrièren erofginn an Zich mat 100 Stonnekilometer passéieren. En onnéidege Risk, deen der Police no zwar keng direkt Infraktioun ass, mee der CFL no och am Code de la Route als geféierlech agestuuft gëtt
"Mir haten déi lescht 10 Joer 5 Doudeger op Passagë mat Barrièren. Et ass Gott sei Dank net ëmmer sou dramatesch. Mee mir hunn awer eng 50 Incidente pro Joer, wou en Auto net méi rechtzäiteg eriwwerkënnt an dësen och duerch d’Barrière beschiedegt gëtt. Mir hate virun 2 Deeg nach en Incident zu Walfer, wou eng Barrière an d’Fënster vun engem Bus geroden ass. Dat si Situatiounen, déi och emol ganz geféierlech kënne ginn.", erkläert d'Doris Horvath vum Service fir d'Sécherheet bei den CFL.
Grouss Retarden duerch Incidenten op Schinnen-Iwwergäng
An de Schued kréien och d’Passagéier am Zuch ze spieren. Notamment duerch Ausfäll, respektiv Verspéidung op der Bunn. "Déi Minutten déi mer verléiere wéinst esou Incidenten, hu sech vun 2023 op 2024 quasi verduebelt. Wann een déi Minutten zesummerechent, da verléiert een op ee Joer 10 Deeg.", sou nach d'Doris Horvath. Aktuell ginn et nach 105 Passagen iwwer d’Schinnen. D'lescht Joer gouf ee suppriméiert. An e puer Deeg verschwënnt dann och de Passage zu Dummeldeng. Hei gëtt dann en ënnerierdesche Passage fir Foussgänger a Vëloe gebaut. D’Autoe ginn ëmgeleet.