Landesverband kritiséiert Aarbechtskonditiounen op der Bunn
Eng 500 Leit haten de Wee virun de provisoresche Siège vun den CFL fonnt, fir bei engem Protestpiquet vum Landesverband dobäi ze sinn.
D'Gewerkschaft reprochéiert der Direktioun, datt d'Aarbechtskonditiounen net méi attraktiv wieren an de Sozialdialog net méi funktionéiere géing. An dat, obwuel d'Direktioun vun der Eisebunn rezent am Sträit ëm nei Schichten noginn huet. Amplaz dräi Schichte vu jee 8 Stonnen, geet een op de Wee vun engem 6-9-9-System. De Georges Melchers, President vum Syndikat Chemins de Fer Landesverband, weist sech awer nach skeptesch.
"Awer dee gëtt just agefouert, wann och deementspriechend Personal op deene Plazen ass. Momentan schaffen d'Leit nach ëmmer no deem ale System weider, bis dat néidegt Personal sur place ass. Do gi momentan Leit agestallt, mee wéini déi Leit sur place sinn, wësse mer nach net. Et muss een och kucken, wéi d'Leit hannenno am Examen ofschneiden an do stelle mer och fest, datt vill Leit de Stage net packen, well se sech vläicht schlecht virbereeden oder et e bëssi schwéier ass. An dat ass och eng vun den Ursaachen, si stellen oft Leit an, mee wann d'Leit hannenno de Stage net packen, dann huet een d'Leit awer net sur place, déi ee brauch."
Weider Kritikpunkte sinn, datt d'Salariéen dacks Problemer hätten, hire Congé ze huelen, den Accès zu Promotiounsexamen ze restriktiv wier an eng Partie Karriäre revaloriséiert misste ginn. Sollten hir Fuerderungen net erfëllt ginn, schléisst d'Gewerkschaft och ee Streik bei der Eisebunn net aus.
D'CFL reagéieren op de Protestpiquet vum Landesverband an OGBL virum Siège vun der Eisebunnsgesellschaft.
An engem Communiqué gëtt drop verwisen, datt een zënter Joerzéngten op den Dialog mat de Sozialpartner géing setzen. An deem Sënn wier mat där anerer Eisebunnsgewerkschaft Syprolux eng Absichtserklärung ënnerschriwwe ginn.
Dëse Syndikat hätt rezent Proposen op den Dësch geluecht a puncto operationell Primmen, Bereetschaftsdéngscht a Karriärsevolutiounen. D'Zentraldelegatioun, an där och Membere vum Landesverband sinn, soll nach hiren Avis zu deem Dokument ginn.