Op der Pompel
95er an 98er Bensinn ginn nach e Stéck méi deier

© Envato
Nodeems de 95er an 98er Bensinn schonn Ufanks der Woch méi deier gi sinn, ginn d'Präisser e Samschdeg nach eng Kéier e gutt Stéck an d'Luucht.
Vun e Samschdeg u kascht de 95er Bensinn deemno 3,5 Cent méi. Dëse kënnt dann op e Präis vun 1,511 Euro de Liter.
Beim 98er Bensinn ass et eng Hausse vun 3,7 Cent. Hei kascht de Liter Bensinn deemno vun e Samschdeg un 1,623 Euro.

Am meeschte gelies