De Fürerschäinsexamen ass sécher kee vun den einfachsten Tester, déi een am Liewen ze meeschteren huet, dat weisen d'Chifferen.

Sou sinn am theoreeteschen Deel an der Moyenne iwwert déi lescht 5 Jore gekuckt ee Véierel vun de Kandidaten duerchgefall. Zejoert waren dat zum Beispill bei 13.600 Kandidaten eng 3.500, déi den theoreeteschen Examen net am éischte Coup gepackt hunn. Domat louch den Taux vun der Reussite bei 74 Prozent.
 
Am prakteschen Deel fält souguer bal d'Hallschent vun alle Kandidaten am Test duerch: zejoert hunn eng 18.300 Leit hire Permis am éischte Versuch kritt, wat awer nëmmen 53,2 Prozent vun alle Kandidate waren, déi sech hannert d'Steierrad oder op de Moto gesat hunn.

Interessant ze soen, datt den Taux vun der Reussite bei de Leit, déi d'Conduite accompagnée gemaach hunn, bei 55 Prozent läit, iwwerdeem e bei de Nowuess-Chaufferen, déi keng Conduite accompagnée haten, nëmme bei 42% louch.

Dës Chiffere liwwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.