Iwwer 5 Cent
Däitlech Baisse op alle Sailen

© Envato
Wärend d'Präisser déi leschten Deeg nach ëmmer just geklomme sinn, fale se elo emol däitlech.
Vun en Donneschdeg u kascht de Liter 95er Bensinn dann nach 1,461 Euro de Liter, datt si fënnef Cent manner wéi aktuell. Beim 98er geet de Präis esouguer ëm 5,4 Cent erof op elo nach 1,569 Euro de Liter.
D'Baisse vum Diesel läit esouguer bei 6,2 Cent. Esou muss een nach fir ee Liter 1,413 Euro bezuelen.
Nach méi däitlech geet de Präis vum Masutt erof, deen elo nach 85,6 Cent de Liter wäert kaschten. D'Baisse betrëfft hei 6,3 Cent.
Am meeschte gelies