Um Boulevard Adenauer brauch een als Automobilist aktuell e bëssi méi Gedold ewéi soss.

Den Ausbau vum Tram huet hei ugefaangen. Am Hierscht 2027 soll den éischten Deel fäerdeg sinn. 
 
De Boulevard Konrad Adenauer gläicht aktuell engem grousse Schantjen. Vun der Kräizung mam Boulevard Kennedy aus gëtt um Ausbau vum Tram geschafft. Dem éischte vun am Ganzen 3 Deeler. Den Tracé vum éischten Deel huet eng Längt vun 2,3 Kilometer. E verleeft vun den europäeschen Institutioune bis zur Europaschoul.

Op dësem Deelstéck ginn et spéider 2 Haltestellen. Eng beim Jean Monnet 2-Gebai an eng zweeten op der Héicht vun der Europaschoul. 100 Milliounen Euro kascht dësen Tracé. Am Hierscht 2027 soll en a Betrib goen.

Spéider ginn och déi néi Quartieren un den Tram ugebonnen. An och den alen Deel vum Kierchbierg ass esou un dëst Transportmëttel ugebonnen. 
 
Aktuell géifen all Dag eng 123.000 Leit vum Tram als Transportmëttel profitéieren.