Leschten Deel vum Chantier fänkt un - Bréck fir Rentrée 2025 nees operationell

© Domingos Oliveira (Archiv)
An den nächste Woche wäerten d'Leit, déi d'Tréierer Autobunn notzen, nach mat verschidde Spärungen ze kämpfen hunn, éier den Dauerchantier ofgeschloss ass.
Wéi Ponts et Chaussées an engem Communiqué matdeelen, wäerten déi lescht Aarbechten um Viaduc de la Haute-Syre (OA1135), wéi d'Bréck offiziell heescht, ufänken.
En éischten Deel vun dësem Finissage wäert de Weekend vum 4. op de 6. Juli ufänken. Hei ass d'Streck, wann ee vun Tréier an d'Stad wëll fueren, vun e Freideg 19 Auer bis e Samschdeg um 9 Auer esou wéi e Samschdeg um 20 Auer bis e Sonndeg um 9 Auer komplett fir den Trafic gespaart. D'Deviatioun leeft iwwert d'Sortie Potaschbierg an dann iwwert d'N1. E Samschdeg tëscht 9 an 20 Auer esou wéi e Sonndeg no 9 Auer ass d'Autobunn zwar op, mä den Trafic ass op eng Spuer an all Richtung limitéiert.
De Weekend vum 11. bis den 13. Juli ass d'Sortie Mënsbech, wann ee vun Tréier aus kënnt, all Owend tëscht 19 an 20 Auer gespaart. D'Deviatioun leeft iwwert d'Sortie Cargozenter.
Weider leeft den Trafic vum 11. Juli u bis de 14. September bidirektional iwwert d'Bréck, et ass also just eng Spuer an all Richtung op. D'Op- an d'Offaarte wäerten awer ëmmer nees gespaart ginn.
Et ass virgesinn, datt de Viaduc de la Haute-Syre fir d'Schoulrentrée 2025/2026 also vum 15. September un nees komplett fir den Trafic op ass. Déi aktuell maximal Vitess vun 70 Kilometer an der Stonn geet vun deem Ament nees op 130 erop.