Mëtt Abrëll gouf den éischten "Handy-Blëtzer" a Betrib geholl, elo huet de rheinland-pfälzeschen Inneministère éischt Zuele geliwwert.

De Blëtzer, dee bei Tréier installéiert gouf, blëtzt allkéiers dann, wann e Chauffer mam Handy um Steier ënnerwee ass. Wéi de rheinland-pfälzeschen Inneministère der Noriichtenagence dpa géigeniwwer matdeelt, goufe bis ewell eppes méi wéi 300 Chaufferen erwëscht.

Déi sougenannte Monocam soll elo och am Beräich vu Mainz an den Asaz kommen. Hei am Land solle se och iergendwa kommen. Sou steet et op d’mannst am Stroosse-Sécherheetsplang 2024-28. Den Ament gëtt awer nach op en Apparat gewaart, deen europäesch och homologéiert ass.