N4 gouf gespaart
Camion a Brand op der belscher N4 Richtung Maartel no un der Lëtzebuerger Grenz
E Freideg kuerz no 13 Auer huet e Camion, dee Stréi/Hee transportéiert, op der Héicht vum Duerf "La Folie" Feier gefaangen. D'N4 huet musse gespaart ginn.
E sëllege Pompjeescorpse waren am Asaz. D'Botte goufe komplett ausernee geholl vun de Pompjeeën, fir de Brand besser ënner Kontroll ze kréien, wouduerch déi ganz Strooss voller Hee/Stréi war.
Vun de Pompjeeën op der Plaz huet et géint 16.30 Auer geheescht, et géif nach puer Stonnen daueren, bis d'Strooss nees kéint opgoen. D'Deviatioun goung iwwert d'N87 Richtung Habay-la-Neuve an dann op d'Autobunn Richtung Bréissel.
Am Trafic-Info no 19 Auer stoung näischt méi dra vun der N4, deemno misst den Trafic do nees lafen.
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies