Fuitten a Waasserleitung hu fir längere Chantier gesuergt
D'Réier ware viru knapp 20 Joer, wéi de Contournement gebaut gouf, geluecht ginn, mä si bis haut net genotzt ginn.
Wien an de leschte Méint méi dacks op der Nationale 2 tëscht Bous a Réimech ënnerwee war, deen dierft sech iwwert ee Chantier laanscht d'Strooss gewonnert hunn, deen nëmme lues virugaangen ass. Dat interkommunaalt Waasser-Syndikat SIDERE wollt am Fong endlech eng Leitung a Betrib huelen, déi scho laang op där Plaz läit, ma et huet sech erausgestallt, datt an der Tëscht eng Partie Fuitten an de Réier waren. Elo sinn d'Aarbechten awer op der leschter Ligne droite.

All Dag sinn am Schnëtt ronn 15.000 Gefierer tëscht Bous a Réimech ënnerwee. An de leschte Méint war eng Spuer vun der Strooss gespaart an d'Vitess laanscht de Chantier op 50 limitéiert. Beim Drocktest, dee gemaach gëtt, äert eng nei Waasserleitung a Betrib geholl soll ginn, goufen nämlech Fuitten an de Réier festgestallt. Um Enn waren et der 6, déi awer nëmmen no an no detektéiert a gefléckt konnte ginn. Fir déi Fuitte ginn et iwwerdeems méi potenziell Grënn.
Alain Bourmer (Ingenieur beim SIDERE):
"Ech géif soen, verschidde Problemer sinn entstanen, well bei der Pose effektiv Feeler gemaach gi sinn. Verschidde Fuitte kënnen awer och sinn, well se einfach sou laang net am Betrib am Buedem louch, datt d'Dichtungen net gutt waren. Déi eng Leitung louch säit 2007 hei, déi aner säit 2011 an dat ass einfach ze laang. Dat war net sou geplangt, dat sollt alles an engem méi getakte Rhythmus sinn, mee well den Zentrum vu Bous réischt dat virlescht Joer ugaangen ass an dëst Joer lo fäerdeg ginn ass, ass et net gaangen, fir dat a Betrib ze huelen."
Dobäi hat een et am Fong gutt gemengt. Wéi de Contournement vu Bous viru ronn 20 Joer gebaut gouf, huet een d'Waasserleitung direkt mat verluecht, fir ze evitéieren, datt déi nei Strooss just e puer Joer drop nees misst opgerappt ginn. Ma zu Bous selwer ass et ebe méi lues virugaange wéi geduecht. Dat hätt dorunner geleeën, datt vill verschidden Acteure mat am Coup waren an et Problemer mat den Autorisatioune gouf.
"Déi ganz Infrastrukturaarbechten, déi hei am Buedem leien, si gemaach ginn. Mir als Waasserversuerger, mee och d'Gemeng huet hei d'Waasserversuergung vun den Haiser gemaach, de Kanal ass hei vum Ofwaassersyndikat SIDEST mat geluecht ginn, d'Creos, d'Post, also hei ass wierklech vill gemaach ginn. De Projet ass 2023 ugaangen, ass elo gläich fäerdeg, d'Infrastrukturen, déi leien an dofir konnte mir och lo eis Waasserleitung a Betrib huelen. Hei direkt hannert der Kamera ass d'Plaz, wou den Uschloss gemaach ginn ass, fir datt mer déi Leitung, wou mer virdru stoungen, konnten a Betrib huelen."

Well d'Leitung nieft der N2 viru méi wéi 10 Joer geluecht gouf, spillt d'Garantie décennale net. Am Fong hätten den Drocktest an d'Desinfektioun 20.000 Euro solle kaschten, lo géing een awer wuel bei 50.000 Euro leien. Am Verhältnis zu deem ganze Projet wier dat zwar nach iwwerschaubar, mee trotzdeem onnéideg. De Chantier op der N 2 verschwënnt nach dës Woch, an och wann deen zu Bous nach net ganz fäerdeg ass, geet d'Strooss nach virum Kollektivcongé nees fir den Trafic op.