A7 respektiv B7 ass iwwert de Weekend a béid Richtunge gespaart

© RTL Grafik
Vun e Freideg den Owend um 20 Auer bis e Méindeg de Moien um 5 Auer ass en Deel vun der A7 an en Deel vun der B7 a béid Richtunge fir den Trafic gespaart.
Nieft der Haaptstreck tëscht Colmer-Bierg an Angelduerf sinn och d'Accèsen op d'Autobunn gespaart. Dat um Echangeur Colmer-Bierg a Richtung Norden, um Echangeur Schieren a Richtung Norden, um Echangeur Ettelbréck a béid Richtungen an um Echangeur Angelduerf a Richtung Stad.
D'Deviatioun leeft vun den Echangeure Colmer-Bierg, Schieren, Ettelbréck an Angelduerf iwwer d'N7. Wien also dës Streck wëll notzen, fir ënner anerem op d'Kiermes op Ettelbréck ze fueren, muss e bësse méi Zäit aplangen.
Wéi Ponts et Chaussées an hirem Schreiwes weider matdeelen, kann et sinn, datt wéinst de Preparatioune vum Chantier schonn éischter mat Perturbatiounen am Trafic ze rechnen ass.