Manner Dossiere fir de Co-Finanzement vun elektresche Bornen zeréckbehalen

© Kevin Reitz / Hans Lucas via AFP
Beim sechsten Appel à projets huet de Wirtschaftsministère 20 Dossieren zeréckbehalen fir de Co-Finanzement vum am Ganzen 232 neien elektresche Bornen.
Dovunner wäerten der 124 ëffentlech zougänglech sinn, wéi et e Méindeg de Mëtteg an engem Communiqué vum Ministère heescht. Bei der fënnefter Ausschreiwung waren et 25 Dossieren fir 273 Bornen, déi de Wirtschaftsministère kofinanzéiert huet. Beim véierten Appel à projets waren et nach 34 Dossieren fir 434 Bornen.
Et war iwwerdeems déi lescht Ausschreiwung. Am Ganze goufen Aiden an Héicht vun 23,7 Milliounen Euro accordéiert. Ufank des Mounts gouf iwwerdeems een neit Gesetz an der Chamber ugeholl, fir déi Subsiden ze erweideren. Esou sollen an Zukunft och Waasserstoff-Tankstelle vun den Aide kënne profitéieren.
De ganzen Communiqué aus dem Wirtschaftsministère fannt Dir hei.