Am August gëtt am Tunnel Biff zu Nidderkäerjeng de ganze Luuchtesystem nei gemaach.

D'Streck op der A13 wäert dowéinst an enger éischter Phas vum 1. August um 21 Auer owes, bis de 4. August um 5 Auer moies komplett gespaart ginn. An enger zweeter Phas wäert den Tunnel da vum 4. bis den 29. August inclus nëmmen nach an der Nuecht zou sinn, dat jeeweils tëscht 21 Auer owes a 5 Auer moies.

Dës Phase goufe speziell wéinst dem Congé collectif an der Summervakanz vun de Schoule gewielt, fir den Impakt op den Trafic méiglechst kleng ze halen. Wärend der kompletter Dauer vun den Aarbechte wäert et eng Deviatioun duerch de Rond-point Biff ginn.

All d'Informatiounen am Detail fannt Dir nach eemol hei.