Ponts et Chaussées deele mat, dass tëscht dem 25. an dem 28. August nuets d'Rue des Scillas deels fir den Trafic gespaart gëtt.

D'Strooss ass da jeeweils owes vun 23 Auer bis den aneren Dag moies um 6 Auer tëscht dem Tramsarrêt Scillas an der Kräizung Rangwee gespaart, dat vu méindes op dënschdes, dënschdes op mëttwochs a mëttwochs op donneschdes.

Och déi zwee Tunnelle Rangwee si wärend där Zäit gespaart.

D'Deviatioune ginn iwwert de Boulevard Raiffeisen an de Boulevard Kockelscheier.