Zu Krautem steet d'Uertsschëld vu Béiweng, zu Béiweng dat vu Fëlschdref

© Domingos Oliveira
Wie rezent op Krautem wollt, war méiglecherweis e bësse verwonnert oder och onsécher, ob en op der richteger Plaz war.
Ass een nämlech vu Peppeng aus iwwert den CR132 an d'Duerf gefuer, gouf een net vun engem Uertsschëld begréisst, op deem "Crauthem", respektiv "Krautem" stoung, ma "Béiweng". En Duerf, dat zwar och an der Gemeng Réiser läit, mee trotzdeem e gudde Kilometer weider.
Ugeschwat heirop huet et vun der Gemeng Réiser geheescht, datt Ponts et chaussées fir d'Opstelle vun den Uertsschëlder responsabel wieren an och informéiert goufen. Am Laf vun e Méindeg sollen dës Feeler behuewe ginn. Et wier iwwerdeems net nëmmen zu Krautem zu esou enger Pann komm: Zu Béiweng géif nämlech d'Uertsschëld vu Fëlschdref stoen, wat net mol méi zur Gemeng Réiser, mee zu Duelem gehéiert. Et kéint een deemno net ausschléissen, datt och op anere Plazen am Land falsch Schëlder stinn, esou d'Gemeng Réiser.
Vu Ponts et chaussées huet et e Méindeg am Nomëtteg op Nofro hi geheescht, datt weider Fäll vu falsch opgestallten Uertsschëlder hinnen net bekannt wieren, och net, "ob et sech hei ëm e Mëssel duerch eis Mataarbechter handelt oder ëm e muttwëllegen Akt vun engem Matbierger".
En Dënschdeg de Moien gouf et dunn nach emol eng Réckmeldung vun engem Responsabelen vu Ponts et chaussées. Et wier keen interne Feeler gewiescht, ma villméi géif een dovunner ausgoen, datt sech Onbekannter hei ee Witz erlaabt hätten.
Et géife méi dacks emol Schëlder geklaut ginn, ma datt si einfach ausgetauscht géife ginn, géif een net esou dacks gesinn. Et war dann awer nach den Opruff vun d'Populatioun de Ponts et chaussées ze mellen, wa weider Schëlder opfalen, déi net do stinn, wou se higehéieren.