Op der Pompel
Diesel gëtt e bësse méi bëlleg

© Image Envato Sandsun
Nom 95er an 98er Bensinn leschten Donneschdeg gëtt ëm Hallefnuecht elo och den Diesel e bësse méi bëlleg.
Beim Diesel ass et deemno eng Baisse vun 1,4 Cent op 1,409 Euro de Liter. Och den 10 ppm Masutt gëtt vun en Dënschdeg un e bësse méi bëlleg. Hei ass et eng Baisse ëm 1,6 Cent op dann nach 0,850 Euro de Liter.
De Präis vum 95er an 98er Bensinn bleift iwwerdeems onverännert bei 1,458 respektiv 1,571 Euro de Liter.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies