En Dënschdeg souze schonn déi éischt begeeschtert Passagéier an der autonomer Navett Ohmio um Belval.

Autonom Navetten / Reportage: Carla Schuller

Mat maximal 25 km/h fiert den Ohmio-Bus iwwert de Belval. D'Strooss an de Wee sinn am System programméiert. Och d'Cybersécherheet ass e Sujet, deen eescht geholl gëtt. D’Navett huet hir Originnen zum Deel déi aner Säit vum Globus, erkläert de Carlo Hansen, Responsabele vun den CFL-Busservicer.

"D'Hardware, loosse mer esou soen, déi kënnt aus Neiséiland an alles, wat awer elo Software ass, déi ganz Entwécklung hei, fir dee ganze Circuit anzeprogramméieren, fir déi verschidde Situatiounen hei ze analyséieren, dat sinn awer dann och Ingenieuren hei zu Lëtzebuerg, déi dann dat Ganzt mat entwéckelen an och da Problemer léisen, awer och ëmmer an Zesummenaarbecht mat Leit, déi och nach an Neiséiland dann och do schaffen."

Op kee Fall sollen dës Navetten d’Busser ersetzen, ma éischter zousätzlech Hëllef ubidden, erkläert eis de Carlo Hansen. Fir den Ament fiert nach e Safety-Driver mat, deen dofir zoustänneg ass, an engem Noutfall anzegräifen. Den Eric Back, deen dësen Job mécht, erkläert:

"Meng Aufgabe sinn, de ganze Wee ze begleeden, opzepassen op d'Verkéierssituatioun an deemno wéi eventuell och agräifen, wann do eng Situatioun kéim duerch iergendwéi geparkten Autoen oder einfach Saachen, déi op eemol an de Féiss wären, déi net virgesi sinn. Den Ënnerscheed zum Buschauffer ass, et muss een net méi eleng fueren. Et ass méi en Iwwerwaache vun deem Ganzen."

Dofir muss een eng speziell Ausbildung ofschléissen:

"Ech war 29 Joer Buschauffer bei der Eisebunn an dono sinn ech an de Coaching gewiesselt. An do si Plaze bäikomm extra fir mat den Navetten hei ze fueren. An do krute mir vun Ohmio eng Formatioun. Dat heescht, d'Leit vun hinnen hunn eis emol dat Ganzt erkläert, wéi d'Navett funktionéiert a wéi déi ze bedéngen ass. An do ware mer elo eng gutt Zäit amgaangen, fir déi Saachen ze léieren an och eeben ze testen."

Den Trajet iwwert de Belval ass e méi komplizéierte Wee wéinst de villen Challengen, ewéi 30er Zonen, enke Stroossen a sou weider. Wärend engem annerhallwe Joer, ass ënner all Wiederkonditiounen an all méiglechen Zenario getest ginn. D’Sécherheet ass sou staark ausgepräägt, dass souguer, wa just eng Dauf virun d’Scheif géif fléien, eng Vollbremsung gemaach kéint ginn.

Fir datt dat klappt, misst d’Navett awer zu all Moment eng honnertprozenteg stabil GPS-Connectioun hunn. Dat wier zu Esch net ëmmer esou einfach gewiescht, seet den Dinis de Oliveira, Gestionnaire vum Projet:

"Hei um Belval hate mer dann zimmlech vill Problemer, fir e proppere GPS-Signal vun 100% ze kréien, fir dass d'Navett net zwee Meter méi op der Säit fiert, wéinst den Eisestrukturen oder den Héichhaiser, do hu mir da mat Ohmio geschwat a si hunn do en neit System gesicht, dass si eeben iwwer Leader fueren, mat Fotoen, déi se gemaach hunn. A si vergläichen déi Fotoe mat deenen aktuelle Fotoen an da fiert d'Navette eeben dee Wee genau op 100%, do wou se kee proppert Signal huet."

D’Navett ass eng KI, d’technescht Team huet dëser alles am Viraus aginn. De ganze Parcours, all d’Vitess-Upassungen, a weideres goufe scho virprogramméiert. Dës bedeit och, dass wann nei Strecke géife bäigemaach ginn, da misst d'Ekipp all déi nei Informatioune manuell upassen. D’Rout Luuchten an net virgesinn Hindernisser gi vun der Maschinn rechtzäiteg erkannt an dës passt sech dann un.