Nodeems Diesel a Masutt scho virun enger Woch méi bëlleg gi sinn, ass et en Dënschdeg um Hallefnuecht eng weider Präisbaisse.

Den Diesel gëtt 1,6 Cent méi bëlleg a kascht domadder 1,393 Euro de Liter. Och den 10 ppm Masutt gëtt vun en Dënschdeg un e bësse méi bëlleg. Hei ass et eng Baisse ëm 1,7 Cent op dann nach 0,833 Euro de Liter.

De Präis vum 95er an 98er Bensinn bleift iwwerdeems weider onverännert bei 1,458 respektiv 1,571 Euro de Liter.

RTL