Keng Zich tëscht Kautebaach a Wolz, Reprise eréischt um Mëttwochmoien

Tëscht Wolz a Kautebaach fueren aktuell keng Zich. / © Christophe Hochard (archiv)
Wéinst enger Pann um Gleis op der Héicht Paradiso ass den Zuchverkéier tëscht Kautebaach a Wolz en Dënschdeg a béid Richtungen ënnerbrach.
Wéi d'CFL en Dënschdeg de Mëtteg preziséiert hunn, waren duerch eng Pann vun engem Passagéierzuch op der Héicht vum Arrêt Paradiso Defekter um Gleis opgefall. Fir d'Sécherheet vun de Passagéier an dem Personal ze garantéieren, gouf den Zuchtrafic op der Streck tëscht Kautebaach a Wolz a béid Richtungen ënnerbrach.
Ufanks hat et ausgesinn, wéi wann d'Zich vu 17 Auer un nees fuere kéinten. Am Laf vum Dag hunn d'Aarbechter vun den CFL dunn awer festgestallt, datt d'Reparaturaarbechten iwwer Nuecht misse gemaach ginn. Kuerz no 17 Auer hunn d'CFL deemno matgedeelt, datt den Zuchtrafic eréischt e Mëttwoch de Moie rëm géing opgeholl ginn. Dat zu den normalen Auerzäiten, also den éischten Zuch géint 4 Auer.
Bis dohi géingen Ersatzbusser d'Arrête Kautebaach a Wolz ufueren. Alternativ kéinten d’Clienten awer och d’RGTR-Busser benotzen.
Fir weider Informatioune verweisen d’CFL op d’App oder hire Site.