Mam Vëlo duerch d'StadAlternativ oder Rivalitéit par Rapport zum Auto?

Anne Wolff
Tim Morizet
D'Stad Lëtzebuerg huet 7 nei Vëlosstroossen ageweit. Hei däerf de Vëlosfuerer déi ganz Breet vun der Strooss benotzen an en däerf net iwwerholl ginn.
Drotiesel: Alternativ oder Rivalitéit par Rapport zum Auto?
D’Stad Lëtzebuerg huet 7 nei Vëlosstroossen ageweit. Hei däerf de Vëlosfuerer déi ganz Breet vun der Strooss benotzen an en däerf net iwwerholl ginn.

Vëlossaison an der Stad lancéiert / Rep. Anne Wolff

D’Sonn schéngt a bei dem schéine Wieder huelen déi meescht de Vëlo nees aus dem Keller. Och an der Stad Lëtzebuerg setzt ee gär ee op dat ëmweltfrëndlecht Transportmëttel. Offiziell goufen en Dënschdeg 7 sougenannte Vëlosstroossen ageweit. Kléngt gutt, ma do wier nach Sputt no uewen.

Knapps ass de kale Wanter iwwerstanen, kann de Vëlo nees eng richteg Alternativ sinn, fir net am Stau ze stoen. Bei den aktuell héije Präisser un der Pompel kann een hei souguer richteg spueren. Fir de Vëlo méi attraktiv ze maachen, huet d’Stad Lëtzebuerg 7 nei sougenannte Vëlosstroossen ageweit. Eng dovun zu Bouneweg an der Rue des Trévires. De Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt war selwer mam Vëlo um Rendez-vous: „D’Rue des Trévires ass elo als Rue cyclable definéiert, d.h, dass de motoriséierte Verkéier de Vëlo net iwwerhuelen dierf. Zousätzlech ass d’Vitess op 30 km/h limitéiert”.

Mat deem Konzept wéilt een de Verkéier an de respektive Quartiere berouegen, ouni déi aner Mobilitéitsformen auszeschléissen. Kritik gëtt et fir dës Approche vun der ASBL ProVelo.lu: Et wier e Schrack an déi richteg Richtung, ma esou kéint een net de Verkéier berouegen, seet d’Präsidentin Monique Goldschmit. Et géing een de Vëlosfuerer esou als Zilscheif benotzen, fir den Trafic ze berouegen.

Iwwert de Sécherheetsaspekt beim Vëlofueren an der Stad goufen et ëmmer nees Diskussiounen tëscht der Gemeng an der ASBL. De Mobilitéitsschäffen ass bei deem Thema optimistesch: „Et ass en Espace partagé, an deem de Vëlosfuerer prioritär ass. Mir ginn dovun aus, dass de Vëlosfuerer sécher ass, wann d’Autoschauffeure sech un de Code de la Route halen. Do muss awer natierlech sensibiliséiert ginn. Mir hoffe och, dass d’Police eis do ënnerstëtzt”.

An der Praxis schéngt dat awer net ëmmer ze klappen. Mir hunn d’Monique Goldschmit an der Uewerstad getraff, op der Kräizung Rue du Fossé, Rue Notre dame, direkt nieft der Place Clairfontaine. Theoretesch dierften hei nëmme Vëloen an Awunner duerchfueren, ma effektiv fueren nieft villen Autoe mat Lëtzebuerger Placken och Gefierer duerch, déi am Ausland immatrikuléiert sinn. D’ASBL ProVelo.lu wënscht sech bei der Vëlospolitik méi Konsequenz.

Fest steet: An der sougenannter Mobilité douce ass och national nach Sputt no uewen: 2017 goufe grad emol 2% vun den Trajete mam Vëlo gemaach, 90% hunn awer bei enger TNS-Ilres-Etüd uginn, si géinge méi mam Vëlo fueren, wann et méi ofgetrennte Vëlosweeër géife ginn. Bal grad esou vill Leit hu sech méi géigesäitege Respekt op de Stroosse gewënscht.

Back to Top
CIM LOGO