
Zejoert sinn an der Staat 40 Millioune Leit mam Bus gefuer. Derbäi komme méi wéi 7.800 Faarte mam Ruffbus vun eelere Leit oder Leit am Rollstull. Dat huet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt en Dënschdeg am Kader vum Bilan vum Stater Bus-Service matgedeelt.
Bis Enn nächst Joer soll déi ganz Flott vun 130 Bussen iwwerdeems elektresch fueren. Eleng dëst Joer gi 57 nei Elektrobussen a Betrib geholl. Doduerch hätt een d'CO2-Emissioune kënnen drastesch erofschrauwen. Virun zéng Joer hätten d'Busser nach 38 Prozent vun den CO2-Emissioune vun der Staat ausgemaach. Vun nächstem Joer u géifen dës quasi komplett ewechfalen. Eent vun den Ziler fir d'Zukunft wier iwwerdeems, nach méi Busarrête mat digitalen Affichë vun de Bussen z'equipéieren, esou nach de Stater Schäffen.