Et géif vill Wäert op e gudde Occasiounsfestival geluecht ginn. Wann d'Offer do wier, fir agreabel oder gutt präislech elektresch Autoen, da géifen nieft Diesel a Bensinner och Elektrogefierer kaf ginn. Beim Kaf vun engem elektreschen Auto, dee méi wéi 3 Joer al ass, kéint de Client och eng Primm vun 1.500 Euro ufroen. Et misst een deen Auto allerdéngs dann zwee Joer halen, huet de Philippe Mersch erkläert.
Et wier wichteg datt d'Leit vun deene Primme Bescheed wéisste, dat géif se dann och motivéieren, éischter Elektro ze kafen. Et wieren och wieder Changementer virgesinn, fir d'Vente vun Elektroautoen duerch finanziell Virdeeler a Vereinfachunge virunzedreiwen.
Leit géifen awer och nach ëmmer gär en héijen, prakteschen Auto kafen, wat fir en SUV géif schwätzen.
Wärend dem Auto-Occasiounsfestival géifen d'Garantien op de gebrauchte Ween eropgesat ginn. D'Partnergaragë géifen och Efforten op de Präisser maachen an d'Kreditter wiere méi attraktiv. Haaptsächlech géifen awer d'Visibilitéit an d'Offer wärend dem Festival eng Roll spillen, fir Clienten unzezéien an och hiert Vertrauen ze gewannen.
Liest dozou och hei: