CFLBotzekippe si ronderëm d'Auer am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Zanter den Zuchverkéier nees méi am Betrib ass, ginn et bei den CFL extrem héich Hygiènesmesuren, déi konstant agehale musse ginn.
CFL: Botzekippe si ronderëm d'Auer am Asaz
Zanter den Zuchverkéier nees méi am Betrib ass, ginn et bei den CFL extrem héich Hygiènesmesuren, déi konstant agehale musse ginn.

Niewent der stänneger Desinfektioun vun allem, wat d’Clienten esou upaken, mussen och beim Personal Sécherheetsmesuren an déi néideg Distanz respektéiert ginn.

Den Ament hu sech d’Botzekippe gutt organiséiert, fir ronderëm d’Auer an och an der Nuecht d’Zich integral ze botzen an ze desinfizéieren.

Spéiderhi muss awer och de gesonde Mënscheverstand vum Client matspillen, fir d’Ustiechungsgefor esou kleng ewéi méiglech ze halen.

RTL-News: Hygiènesmesurë vun den CFL: Op wat mussen d’Passagéier am ëffentlechen Transport oppassen?

Back to Top
CIM LOGO