Op der PompelDen Diesel gëtt e gudde Krack méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
De Präis vum Diesel fält e Freideg ënnert dee vum 98er Bensinn.
© Envato

Nodeems d’Präisser op der Pompel iwwert déi lescht Woche just no uewe gaange sinn, kënnen op d’mannst d’Chaufferen, déi Diesel tanken, elo nees opootmen. E Freideg um Mëtternuecht fält de Präis fir den Diesel ëm 30,4 Cent a läit da bei 1,882 Euro. Domat ass den Diesel da vun e Freideg u manner deier, wéi den 98er Bensinn.

Och beim Masutt ass et eng däitlech Baisse. Hei geet de Präis fir de Liter ëm 31,1 Cent op 1,338 Euro de Liter erof.

© RTL Grafik

D’Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO