Zemools den Diesel huet eng staark Courbe no uewe gemaach, mat engem neie Rekordpräis vun 2,18 Euro, deen dëse Weekend erreecht gouf. Bis elo louch den Héchstwäert bei 2,11 Euro, datéiert op den 10. Mäerz 2022. Deemools waren den Ukrain-Krich a Liwwerenkpäss responsabel fir d’Hausse.
Trotz den héije Präisser si vill Leit op den Auto ugewisen, fir op d’Aarbecht ze goen oder och nach Kommissiounen ze maachen. Et wier nëmme schwéier méiglech, sech esou kuerzfristeg ëmzestrukturéieren. Et kéint ee sech och net einfach mol een aneren Auto kafen. Dat si puer vun den Aussoe vun de Leit.

Virum Iran-Krich waren d’Präisser fir de Bensinn ronn 20 Cent méi niddreg. Fir de Masutt an den Diesel gouf et esou guer eng Hausse vun iwwert 50 Cent de Liter bannent nëmmen e puer Wochen. Verschidde Leit klammen dowéinst op den ëffentlechen Transport ëm. Dëst wier awer och net onbedéngt méiglech, jee nodeem wou een am Land wunnt, hu verschidde Leit gesot, déi mir gefrot hunn. Et kéint sinn, dass een dofir dann dat duebelt vun der Zäit misst aplangen, fir een Trajet mam ëffentlechen Transport.
A Frankräich fänkt et elo och un, zu Enkpäss op verschiddenen Tankstellen ze kommen. Der Regierung no wéinst logistesche Problemer, net well et ze mann Pëtrol géif ginn. Zu Lëtzebuerg ass d’Energieversuergung de Moment nach garantéiert, soen d’Autoritéiten.