
De Mann vum Sophie Rollet war 2014 bei esou engem Accident gestuerwen. Zanterhier enquêtéiert d’Wittfra iwwer d’Ursaach vun dësem an aneren Accidenter, déi duerch geplatzte Camionspneuen ausgeléist goufen. Duerch hir Efforte koum et 2025 zur Mise en examen vu Goodyear zu Besançon, wou de Parquet verschidden déidlech Accidenter zesummegeluecht huet. Dat wéinst Homicide involontaire, Blessures involontaires an Täuschung an hire Geschäfter, sou wéi iwwer d’Qualitéit vun hirem Produit.

Eng Expertis huet gewisen, datt d’Pneuen e Produktiounsfeeler hunn. Ma Goodyear huet ni e Sécherheetsrappell gemaach. Amplaz hu si vun 2013 un e fräiwëllege kommerziellen Austauschprogramm ugebueden. De leschte Mount hat Goodyear der Noriichtenagence AFP gesot, datt an der Suite vun dem fräiwëllege Programm an op Basis vum Liewenszyklus vun engem Pneu, keng Pneue méi aus der Serie, déi de Programm couvréiert hat, am Ëmlaf wieren.
D’Decouverte vum Sophie Rollet widdersprécht där Duerstellung. Si konnt eng Commande vun zéng neie Pneue bis virun de Paiement komplettéieren, ouni datt si eng Feelermeldung kritt hätt, datt dës Pneuen net disponibel wieren. Si rifft dowéinst déi Responsabel vu Goodyear dozou op, weider Demarchen ze ënnerhuelen, fir d’Pneuen aus dem Verkéier ze zéien.
Virun zwee Joer haten déi Responsabel vum Ilnas (dem Institut, dat fir d’Norméierung, d’Akkreditéierung an d’Sécherheet vu Produiten a Servicer zoustänneg ass), gesot, wann et e Sécherheetsprobleem op Basis vun engem Produktiounsfeeler ginn hätt, hätt Goodyear missen e Sécherheetsrappel maachen.
RTL huet bei Goodyear nogefrot, wéi vill Pneuen duerch déi fräiwëlleg Programmer agesammelt goufen a wat d’Firma ënnerhëlt, fir sécherzestellen, datt keng méi am Ëmlaf sinn.