Kritik ëffentlechen TransportDen Norden an den Oste gi vernoléissegt

RTL Lëtzebuerg
Kritik um ëffentlechen Transport gëtt et vu verschiddene Membere vun der LSAP.

An engem Lieserbréif stëllt sech ënnert anerem déi fréier Kandidatin aus dem Osten, Aurore Rössler, eng ganz Partie Froe wat d’Ubannungen, respektiv d’Sécherheet ugeet.

Lieserbréif: All Bierger huet Usproch op e qualitativen an e sécheren ëffentlechen TransportAn engem Aarbechtsgrupp sinn d’LSAP-Memberen op verschidde Problematike gestouss, déi an hiren Aen nach ëmmer net funktionéieren, een awer net dierft ignoréieren. Ënnert anerem kritiséiere si, datt den Norden an den Osten vernoléissegt gi wat den ëffentlechen Transport ugeet. Si bedaueren, datt vill Garen uechtert d’Land nach ëmmer net behënnertegerecht ageriicht sinn an datt d’Gewalt op Beamte vun den CFL, mä och op d’Cliente konstant zouhëlt.

Back to Top
CIM LOGO